Homeschooling: Och hei fir Cybersécherheet suergen

     

Jidderee muss sech u nei Léiermethoden an un dat domat verbonnen technescht Equipement gewinnen.

Nodeems d’Schoulen hier Dieren hu missen zou maachen, sti fir d’Schüler zu Lëtzebuerg wuertwiertlech Hausaufgaben um Programm. Jidderee muss sech u nei Léiermethoden an un dat domat verbonnen technescht Equipement gewinnen. Fir datt dës nei pedagogesch Experienz Uklang fënnt, muss och fir Cybersécherheet gesuergt ginn.

Et ginn haaptsächlech 3 Punkten déi iwwerwaacht musse ginn :

a. d’Material (Computer, Tablet,…)

b. d’Applikatiounen

c. d’Connectioun

Material

1. Maacht reegelméisseg Updaten (mise à jour) vun deenen Apparater déi fir d’Online-Course gebraucht ginn.

2. Am beschte benotz Dir e separate Computer dee nëmme fir d’Schoulaarbecht gebraucht gëtt. Ass dat net méiglech, dann installéiert separat Konten (Account) fir déi aner Famillijememberen.

3. Evitéiert Interfacen ewéi USB-Sticks, Späicherkaarten, etc vun deenen Dir d’Hierkonft net kennt, unzeschléissen.

4. Installéiert en Antivirus Programm an aktualiséiert en reegelméisseg.

5. Vergewëssert Iech datt Äre Computer gespaart a gutt verstaut ass, wann en net gebraucht gëtt.

Applikatiounen

1. Benotzt nëmmen Programmer a Plattformen déi Iech vum Schoulministère fir d’Schoulaarbecht zur Verfügung gestallt ginn .

2. Suergt dofir, datt all d’Programmer an Applikatiounen déi op Ärem Computer installéiert sinn, um leschte Stand sinn.

3. Léierpersonal: vergewëssert Iech, datt d’Schüler wierklech hire perséinleche Login gebrauchen.

4. Schüler an Elteren: benotzt ëmmer Äre perséinleche Login a changéiert dat initial Passwuert dat Iech matgedeelt gouf.

5. Ännert dat Passwuert dat Iech matgedeelt gouf fir Accès op dee Kont ze kréien. Benotzt e staarkt Passwuert mat klengen a grousse Buschtawen, Zuelen an Zeechen.

6. Weiderleede vun Daten: Benotzt nëmmen déi Systemer déi Iech vum Schoulministère fir den Transfert vun Donnéeën zur Verfügung gestallt goufen. Benotzt op kee Fall allgemeng ëffentlech Cloud Servicer.

7. Benotzt nëmmen Är Schoul Email Adress fir Messagen ze schécken

Connectioun

1. Verbannt Iech NET op en ëffentleche Reseau, net op een den Iech net bekannt ass an Net op een dee net geséchert ass.

2. Vergewëssert Iech, datt Äre Wi-Fi Zougang doheem geséchert ass ( d’Netzwierk muss verschlësselt sinn an ass nëmme mat engem Passwuert zougänglech)

3. Connectéiert Iech un den 3G oder 4G wann Dir keen Accès zu enger gesécherter

Wi-Fi Connectioun hutt.

Wichteg ze wëssen…

Bei Apple iPhone an iPad goufe Schwaachstellen entdeckt, déi di Apple-eege Standard-Apps “Mail” vun iOS an iPadOS betreffen. Net dovu betraff sinn eMail Apps vun Drëttubidder ewéi Gmail an Outlook an och net macOS.

Bei den iOS Versioune 6 bis 12 gëtt deen attackéierten iPhone oder iPad kompromettéiert wann de User déi infizéiert E-Mail opmécht. Bei iOS 13 geet et eleng schonn duer d’E-Mail ze kréien!

An der neiste Betaversioun vun iOS 13.4.5 sollen d’Schwaachstellen elo gepatcht gi sinn. Sou bal dëse Softwareupdate disponibel ass, sollt en direkt installéiert ginn. Bis dohi gëtt drénglech geroden d’Mail-Funktioun op iPhone an iPad ze desaktivéieren.

Weider wichteg ze wëssen: Sidd virsiichteg mat de Mailen déi Dir kritt an op de soziale Netzwierker. Et zirkuléieren allerhand gelunge Messagen iwwert de COVID-19. Dat sinn haaptsächlech

- Fake News: Fir Iech iwwert d’Entwécklung vum COVID-19 um Lafenden ze halen, informéiert Iech op den offizielle Site vum Staat an unerkannte Medien;

- Phishing-Maile beinhalte Links zu falsche Siten, déi Iech Passwierder froen;

- Arnaque-Messagen, déi Iech z.B. Schutzmasken oder Mëttel géint de Coronavirus ubidden ;

Hei gëtt et nëmmen ee Rot : iwwerleeën ier ee klickt !