Wann s de eppes kanns – weis et

     

11 Jonker aus Lëtzebuerg goufe fir den European Cybersecurity Challenge selektionéiert.

Vum 9. bis den 11. Oktober 2019 fënnt zu Bukarest di 6. Editioun vum European Cybersecurity Challenge (ECSC) statt. 19 Länner huelen deel - Lëtzebuerg fir di éischte Kéier.

Am Dezember 2018 haten de Cybersecurity Competence Center - C3 a Partner den éischte _Lëtz Cybersecurity Challenge _lancéiert, mam But fir jonk Talenter am Beräich vun der Cybersécherheet ze detektéieren. Eng 150 Jonker haten sech ageschriwwe fir sech enger Hellewull vun Online-Challengen ze stellen.

Déi eenzel Challenge goufe speziell fir si vun Experte vum C3 a Partner konzipéiert. Hei war net nëmmen technesche Knowhow gefrot, mee och Kreativitéit an ekonomesch Kompetenzen. Fir dem éischte Lëtz Cybersecurity Challenge e realistesche Kader ze ginn, goufen déi verschidden Aufgaben an de Kontext vum Spacemining gesat.

Vun den 150 Participante konnten sech der 11 behapten. Si forméieren elo d’ Lëtz Cybersecurity Team fir de Grand-Duché am Oktober um ECSC 2019 zu Bukarest ze vertrieden. Iwwert de Summer wäert de Lëtz Cybersecurity Team weider vun Experten am C3 encadréiert ginn, fir déi jonk Talenter beschtens op den ECSC virzebereeden.

Den ECSC ass eng Initiativ vun der Europäescher Unioun Agence fir Network- an Informatiounssécherheet - ENISA, fir d’Beruffer an der Cybersécherheet ze promoten a jonk Talenter europawäit an dësem Beräich ze detektéieren an ze fërderen.

Den C3 gëtt vun SECURITYMADEIN.LU bedriwwe mat der Mission fir zesumme mat Partner  G-to-B-to-B-Servicer unzebidden, nohaltege Wuelstand an Kompetenzenbildung ze fërderen,  an dem Grand-Duché seng Attraktivitéit a Renommée am Secteur vun der Cybersecurity ze stäerken.

Den offiziellen Pressecommuniqué vun der ENISA iwwert den ECSC 2019: https://www.enisa.europa.eu/news/enisa-news/will-you-be-europe-s-best-cybersecurity-talent

Kontakt: Yolande Roller – yolande.roller@securitymadein.lu – Tel: 2740098-602